Fondatioun
fräiwëlleg Ettelbrécker Pompjeeën

Et wor ee gléckleche Moment wéi mir gewuer goufen dat mir d’grousst Lous an der Lotterie Nationale gewonnen haten.

Den Armand Posing, eisen Keessjee, huet all Mount e Lous fir Pompjeën kaaft a koum mat grousser Freed ons de Gewënn matdeelen. Den deemolege Komitee huet du beschloss mat engem Deel vum Gewënn eng Fondatioun ze grënnen.
Den Notaire Marc Cravatte huet den Akt den 18. Januar 1991 vun der Fondatioun gemaach.

Dem 1. Verwaltungsrot hunn ugehéiert, esou wéi se am Akt der Réi no opgezielt sinn, Charles Muller, Nicolas Cloos, Armand Posing, Jean-Jacques Majeres, Joseph Tholl, Patrick Ludivig, Edouard Juncker an Nicolas Strotz.
Den Zweck vun der Fondatioun ass deene Pompjeeën ze hëllefen déi a Nout sinn, entweder duerch Onfall, duerch Krankheet oder duerch soss en aneren fondéierte Gronn.

All Joer gëtt en Appel am Bulletin vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Pompjeeën publizéiert, fir potentiell Persounen ze fannen déi sou eng Hëllef kéinte gebrauchen. Wann elo dorop keng Demande un d ‘Fondatioun eru gedroe gëtt, décidéiert de Verwaltungsrot ween oder wat fireng humanitär, sozial oder karitativ Organisatioun finanziell Hëllef kritt.

Sou ass zënter 1991 munche Läit gehollef ginn. Am ganzen sinn bis elo (Januar 2021) am Aklang mat de Statuten, 40.813,16 € un Donen ausbezuelt ginn.

Fir nach besser kënnen ze hëllefen brauch d ‘Fondatioun natierlech Ënnerstëtzung an all Don ass wëllkomm. Ausserdem sinn Donen Ofsetzbar als “Dépenses spéciales” laut dem Steiergesetz iwwert d ‘Akommes, Artikel 109, Alinéa 1, No 3.


Verwaltungsrot


President: Léandre Mignon
Sekretär: Patrick Ludivig
Trésorier: Jean-Jacques Majeres

Membre:
Carlo Posing, Jean-Paul Schaaf, Frank Schmit


03.12.2021
Großzügige Spende der "Fondatioun Ettelbrécker Pompjeeën"

Vor Kurzem überreichte die "Fondatioun fräiwelleg Ettelbrécker Pompjeeën" einen Scheck in Höhe von 2.500 Euro an die Verantwortlichen des "Letzebuerger Kannerduerf" in Mersch. Die Spende soll die zahlreichen Projekte des Kinderdorfes unterstützen, die es den Kindern erlauben traumatische Erlebnisse zu überwinden und sich weiterzuentwickeln, wie z. B. Traumapädagogik oder die in den Startlöchern stehende Musico-Therapie.

Die "Fondatioun Fräiwelleg Ettelbrécker Pompjeeën" wurde im Jahre 1991 gegründet. Ihr wurde auch die "Utilité publique" seitens des Staates zuerkannt. Sinn und Zweck der Stiftung ist das Durchführen von humanitären, sozialen oder karitativen Hilfen (Invalidität, Krankheit, Unfall). Dies betrifft in erster Linie die Mitglieder der in Luxemburg tätigen Feuerwehren, kann aber auch auf andere Personen oder Organisationen ausgeweitet werden.

In der Vergangenheit leistete die Stiftung zahlreiche Geld- und Sachspenden an bedürftige Personen.

Wer nun die Stiftung der Ettelbrücker Feuerwehr auch unterstützen möchte kann dies tun mit einer Spende auf das Konto: LU33 1111 1218 0469 0000